
Nom aussergewéinlech grousse Bëschbrand am Héije Venn an de Belschen Ardennen sinn nach ëmmer Equippen am Asaz fir de verbrannten Terrain ze securiséieren. An deem Kontext huet de Parquet vu Léck e Freideg eng Kommunikatioun rausginn fir de Leit nach emol ze rappeléieren, datt et nach ëmmer verbueden ass a verschidden ofgespaarten Zonen eranzegoen. Dat schreift de Belschen RTL. D'Police ass op der Plaz fir de Perimeter ze securiséieren. D'Situatioun um Terrain bleift zwar ënner Kontroll mä nach ëmmer ugespaant well et an de leschten Deeg punktuell nees ugefaangen hat mat brennen.