Protester géint Logementskris a PortugalPolice raumt Zeltlager zu Lissabon, 30 Blesséierter a 55 Festnamen

RTL mat AFP
A Portugal gëtt, wéi och a Spuenien, zanter kuerzem géint déi héich Wunnkäschten am Land protestéiert. An der Haaptstad huet en Dënschdeg de Moien d'Police duerchgegraff.
Police raumt Zeltlager zu Lissabon, 30 Blesséierter a 55 Festnamen
A Portugal gëtt, wéi och a Spuenien, zanter kuerzem géint déi héich Wunnkäschten am Land protestéiert

Bei enger Razzia zu Lissabon um fréien Dënschdegmoien ass et zu Ausernanersetzungen tëscht der portugisescher Police an Demonstrante komm, déi an der Haaptstad en Zeltlager opgeriicht haten, fir géint déi aktuell Logementskris ze protestéieren. Dobäi goufe 55 Persoune festgeholl an der ronn 30 blesséiert.

D'Demonstranten a Portugal protestéieren aktuell virun allem géint déi déi héich Wunnkäschten a schléisse sech domadder de Protester am Nopeschland Spuenien un, wou zanter Wochen am Zentrum vu Madrid Zelter opgestallt sinn. No enger Demonstratioun e Samschdeg zu Lissabon goufen och do am Zentrum Zelter opgeriicht. Wéi d'Police en Dënschdeg de Moien ugeréckt ass, fir dës ze raumen, hunn d'Demonstranten eng Mënschekette forméiert, éier et zu den Ausernanersetzunge koum.

"D'Persounen, déi festgeholl goufen, goufen a Policeariichtunge bruecht a gi soubal wéi méiglech virun déi zoustänneg Justizautoritéite bruecht", huet d'Police duerno an enger Erklärung matgedeelt. Déi "228 Zeltstrukturen" wieren donieft net méi rechtméisseg, heescht et weider.

D'Demonstrante reprochéieren der Regierung, näischt géint d'Wunnengskris a Portugal ze ënnerhuelen a Reformen um Logementsmarché duerchzesetzen, déi Zwangsraimungen erliichtere sollen. Den Donnéeë vun den Demonstranten no goufen en Dënschdeg ronn 30 Persoune blesséiert a festgeholl. E puer hunn dobäi annoncéiert, an deenen nächste Stonnen nach eemol ze probéieren, nei Zeltlager opzeriichten.

Zu Porto, wou d'Beweegung Ufank Oktober schonn ugefaangen hat, hunn d'Demonstranten hiert Lager wéinst gefaarte Policeasätz selwer ofgeraumt.

Back to Top
CIM LOGO