Net wäit vun ArelDe Bëschbrand zu Habech an d'Feier an der Fabrick zu Étalle sinn ënner Kontroll

RTL Lëtzebuerg
D'Pompjeeë bleiwen op der Plaz, d'Feier kéint aktuell nach zu all Ament nees nei opflamen.

Iwwer 40 Pompjeeë sinn zanter e Mëttwoch am Asaz fir e Feier am Bësch vun Anlier bei Habech an der Belscher Province de Luxembourg ënner Kontroll ze kréien. Stand en Donneschdegnomëtteg war d'Feier esouwäit ënner Kontroll.

Ronn véier Hektar Bësch si verbrannt. Op Facebook huet de Buergermeeschter vun Habech (op franséisch Habay-la-Neuve), den Olivier Barthélemy Fotoe vum Schued gedeelt, deen d'Feier am Bësch vun der klenger Gemeng ugeriicht huet. D'Pompjeeë wieren amgaangen, déi leschten Hëtztpunkten ze läschen, fir all potenziell Reprise vum Feier z'evitéieren. Verschidden Zonen am Bësch géingen awer weiderhi geféierlech bleiwen, hei misst ganz besonnesch opgepasst ginn, wéi ee vun de Pompjeeën erkläert: "On continue à noyer la zone parce que les conditions font que ça pourrait repartir à tout moment."

De Bëschbrand zu Habech an d'Feier an der Fabrick zu Étalle sinn ënner Kontroll
D'Pompjeeë bleiwen op der Plaz, d'Feier kéint aktuell nach zu all Ament nees nei opflamen.

Dem Olivier Bathélemy no hätt een nach Chance gehat, datt d'Feier eng zwee Kilometer vun den éischte Wunnengen ewech louch, et hätt een d'Leit och net dozou missen opruffen hir Fënsteren zouzemaachen.

D'Feier zu Habech war och vu Lëtzebuerg aus ze gesinn, net wäit vun der Grenz zur Belsch. Dat melle beispillsweis eng Rei User an de soziale Reseauen.

Fabrick an der Nopeschgemeng Étalle a Flamen

Zu Etalle, an der Nopeschgemeng vun Habech, stoung um Donneschdegnomëtteg eng Entreprise a Flamen. Si läit an enger Industriezone net weit ewech vun engem Wunnquartier. Och hei haten d'Pompjeescorpsen all Hänn voll ze dinn. De Site läit dobäi relativ no un engem Wunnquartier an der Industriezon Belle-Vue. Wann een aus Lëtzebuerg iwwer d'A4 kënnt, gesäit een den Damp scho vu wäitem. Wéinst dem Feier huet belsche Medien no och schonn e Supermarché nieft der Fabrick mussen evakuéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO