Uschlagsgefor bei brittescher LoftwaffebasisPresuméiert Täter op fräiem Fouss, Ermëttlunge lafen a verschidde Richtungen

Petz Bartz
RTL mat AFP
Kevin Kayser
D'Situatioun ëm den Tëschefall op der Loftwaffebasis Fairford wërft ëmmer méi Froen op.
Wéi et schéngt, wollt 5 Männer déi brittesch Militärbase Fairford ugräifen.
Wéi et schéngt, wollt 5 Männer déi brittesch Militärbase Fairford ugräifen.
© JUSTIN TALLIS/AFP

Et war eng Story, déi sech de Méindeg iwwer duerch nei Erkenntnisser ëmmer nees verännert huet. Stoung e Méindeg de Moien nach den Iran als méiglech Source vun der presuméierter versichter Attack op d'Loftwaffebasis Fairford am Südweste vun England quasi fest, gouf dëst am Laf vum Dag ëmmer méi verwässert an d'Ermëttler hunn och aner Pisten an de Fokus geholl.

D'Police a Groussbritannien hat e Sonndeg den Owend fënnef verdächtegt Persoune festgeholl am Kontext vun enger méiglecher Terror-Attack op eng Militär-Basis. Éischt Journaliste sinn elo der Meenung, eppes un der ganzer Geschicht géif net opgoen. Verschidden Elementer wären net kohärent.

Den internationalen Noriichteniwwerbléck vum 28. September 2026
Wichteges aus der Welt kuerz zesummegefaasst.

Verschidde Versiounen ergi kee Sënn

Verschidde Versioune vun de Virfäll an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg bei der Militärbasis am Gloucestershire snni net matenee kompatibel. D'Geschicht ergëtt kee Sënn.

Dem Donald Trump no, dee ganz séier selwer reagéiert hat, wier d'Aktioun, fir en Zougrëff ze maachen, no laanger Observatioun mat de britteschen Autoritéite koordinéiert gewiescht. Den Aenzeien no, déi mat der Press geschwat hunn, ass d'Police aus alle Wolleke gefall, wéi se an der Nuecht geruff gouf.

D'Deputéiert fir South Cotswolds Roz Savage geet méi genee op dës Problematik an. "Et schéngt zwou Versiounen ze ginn, déi net matenee compatibel sinn" seet si a stellt och d'Fro, "wie wéini wat wousst".

"De President (Donald Trump) seet, dat alles koordinéiert war. Awer et gesäit dono aus, wéi wann d'Leit hei an och déi lokal Police net iwwert d'Zesummenaarbecht vun de Geheimdéngschter informéiert gewiescht wieren. Dat sinn Äntwerten, déi mer onbedéngt musse kréien", gëtt si vun der BBC zitéiert.

Gedanke mécht sech d'Roz Savage dann och ëm d'Leit, déi ëm d'Militärbasis Fairford liewen. Si stellt sech elo nach méi d'Fro, ob d'Autoritéiten d'Sécherheet vun de Bewunner garantéiere kënnen. Dëst wier vun den Autoritéiten ëmmer nees verséchert ginn, zanter datt d'USA d'Autorisatioun kruten, vun hei aus Attacken op den Iran ze fléien. Dësen Tëschefall géif dat awer a Fro stellen.

Bei der ganzer Affär kënnt och de brittesche Verdeedegungsminister an d'Rudderen op der brittescher Tëlee a seet, d'Aenzeien hätte kee komplett Bild vun der Saach kënnen ofginn.

Presuméiert Täter nees op fräiem Fouss

Déi fënnef Persounen, déi Stonnen drop just niewendrun am Bësch festgeholl goufen, waren alleguer jonk Englänner am Alter tëscht 22 a 25 Joer. Nodeem si vun der Police "an allen Detailer befrot goufen", goufen déi jonk Männer, déi all zu London liewen, op Kautioun nees aus der Haft entlooss. Dat huet Scotland Yard confirméiert.

Dëst bedeit elo awer net, datt d'Ermëttlungen eriwwer sinn. Déi verdächtegt Männer si weider Deel vun dësen Ermëttlungen, déi awer elo a méi Richtunge ginn, an deenen déi aktuell geopolitesch Situatioun an der Welt eng gewësse Roll spillt, heescht et vum Laurence Taylor, deen d'Sektioun vum Konter-Terrorismus leet. Et soll erausfonnt ginn, ob déi implizéiert Persoune wëssentlech oder onwëssentlech am Sënn vun engem frieme Staat gehandelt hunn. Déi dräi Gefierer vun de Männer gi "komplett ënnersicht", dat vun der Police, déi dobäi vun der Arméi a vu forenseschen Experten ënnerstëtzt gëtt.

Situatioun gëtt eescht geholl

Déi brittesch Regierung hëlt d'Situatioun eescht. De Premier Andy Burnham sot, datt hien eng Cobra-Reunioun am Laf vum Dag iwwert den Tëschefall um RAF Fairod aberuff huet. Cobra-Meetinge ginn aberuff, wann et ëm déi national Sécherheet geet, also entweder en nationale Noutfall oder eng gréisser Stéierung, déi duerch Naturkatastrophen, terroristeschen Attacken oder gréisseren Accidenter an der Industrie, ervirgeruff goufen.

"Wat ech soe kann ass, datt ech eng Cobra-Reunioun méi spéit am Dag wäert aberuffen. Mir wëlle sécherstellen, datt mer e komplett Bild vun der Situatioun hunn. Vläicht kann ech am Laf vum Dag nach méi dozou soen", esou de brittesche Premier.

Press stellt sech Froen, Iran dementéiert, involvéiert ze sinn

Am Fall, wou eng eescht Attack geplangt gewiescht wier, wier der Press net erlaabt ginn, de sougenannten Deminage mat Roboter hannert den Ofspärunge mat Dronen aus der Luucht ze filmen, esou heescht et vun de brittesche Medien.

Déi iranesch Ambassade huet Berichter, datt Teheran eppes mat de Pläng fir en Uschlag ze dinn huet, "kategoresch" zeréckgewisen a verurteelt "op d'Schäerfst" d'Berichter, déi dëst behaapten. Op X huet d'Ambassade matgedeelt, datt een "déi jéngst onbegrënnt a béiswëlleg Spekulatiounen, déi vu verschiddene brittesche Persounen a Medien verëffentlecht goufen a versichen, den Iran" am Zesummenhang mam Virfall an der Géigend vum der Loftwaffebasis Fairford ze bréngen "schaarf verurteelt."

Back to Top
CIM LOGO