Stéierunge bei GoogleProbleemer mam Bezuele bei enger Rei Online-Banken, Auswierkunge wuel och zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Zanter dem fréien Dënschdegmoien huet Google mat gréisseren Netzwierkstéierungen ze kämpfen. Och zu Lëtzebuerg hat dat wuel Auswierkungen.
Duerch e Stroumausfall an engem Google-Rechenzentrum zu London war et an Europa zu Stéierunge bei verschiddenen Onlineservicer komm.
© AFP

Schwéier Netzwierkstéierungen an engem Rechenzentrum vu Google zu London hat zu Probleemer bei enger Rei Cloud-Déngschter vum Konzern gefouert. Et hätt "verstäerkt Feeler an zäitweis Netzwierkausfäll an der Regioun europe-west2" ginn, huet Google erkläert. D'Server dovu leien an der brittescher Haaptstad. Betraff wier dovu virun allem dat digitaalt Bezuelen, dorënner d'Online-Bank Revolut an ING.

Och zu Lëtzebuerg hu Clienten en Dënschdeg Probleemer mam Bezuele gemellt. Nieft dem Online-Banking sollen och nach aner Servicer, Internetsitten an Entreprise-Softwarë vu Google wiere betraff.

No der Mëttesstonn huet Google matgedeelt, datt e Stroumausfall an engem Cloud-Rechenzentrum zu London d'Stéierunge verursaacht hätten. Et géif een hoffen, datt d'Déngschter gläich nees retabléiert kënne ginn.

D'Online-Bank Revolut huet sech och schonn zum Virfall geäussert a gesot, datt d'Donnéeën an d'Sue vun de Cliente sécher wieren.

Back to Top
CIM LOGO