
Dat war eng Protestaktioun, well et ëmmer méi Gewalt géint d’Mataarbechter an Zich, Bussen, Metroen an Tramme gëtt. De Chef vun der Eisebunnsgewerkschaft huet vun engem wichtegen Zeeche geschwat. D’Aktioun géif zwar d’Gewalt net stoppen, mä symbolesch wier et eng wichteg Aktioun. Et misst awer elo méi geschéien, fir d’Mataarbechter aus dem ëffentlechen Transport ze schützen.
Ausléiser vun der Aktioun war d’Mësshandlung vun enger Kontrollerin viru méi wéi enger Woch. Si war vu Jonke mat Féiss gerannt a geschloe ginn an duerno eng Trap erofgehäit ginn. Rezent war och e Maschinist geschloe ginn. De Chef vun der hollännescher Bunn seet, “bis heihinner an net weider”.
Am ëffentlechen Transport gëtt scho laang iwwert ze vill Gewalt geklot. Eleng an den Zich goufen d’lescht Joer 1.042 Mataarbechter attackéiert. Dat waren 8 Prozent méi wéi dat Joer virdrun.