
Knapp fënnef Joer no engem Bootsongléck um Äermelkanal mat 31 Doudegen huet zu Paräis de Prozess géint 14 presuméiert Schleiser ugefaangen. Se sinn ënner anerem wéinst Homicide involontaire ugeklot. Et handelt sech ëm den uergsten Accident, zanterdeem Migrante probéieren, a Schlauchbooter iwwert den Äermelkanal ze kommen. Och e siwe Joer aalt Meedchen an zwee Jugendlecher waren dobäi ëm d'Liewe komm.
Déi Ugeklot komme gréisstendeels aus Afghanistan an aus dem Irak. Géint Zwee vun hinnen, dorënner e presuméierte Bandechef, gëtt et e Mandat d'arrêt.
Fir de Prozess hu sech 114 Niewenukloer gemellt, virun allem Famillje vun den Affer, déi ënner anerem aus Afghanistan, Äthiopien, Somalia a Vietnam koumen. Néng Mënsche sinn aus der irakescher Stad Erbil ugereest.
"De Prozess géint déi Schleiser ass een éischte Schrëtt. Hoffentlech kënnt et duerno och zum Prozess géint déi (franséisch) Marinnzaldoten", sot den Affekot vun den Affer Thomas Ricard.
D'Ongléck vum November 2021 hat wéinst dem Verdacht op ënnerloossen Hëllefsleeschtung vun de franséischen Autoritéite fir Opmierksamkeet gesuergt. Dozou lafen nach Ermëttlunge géint siwe franséisch Zaldoten, déi sech deels an enger Iwwerwaachungszentral an deels op engem Schëff an der Géigend opgehalen haten. Hinne gëtt reprochéiert, Hëllefsriff ignoréiert ze hunn. D'Ongléck iwwerlieft hunn nëmmen ee Somalier an een Iraker.
D'Schlauchboot, op deem d'Migranten déi geféierlech Iwwerfaart probéiert haten, war, wéi et an der Uklo steet, vu schlechter Qualitéit. Et hätt mangelhaft Ventiller gehat, aus deenen ënnert dem Gewiicht vun de Passagéier d'Loft erausgaange wier. Et gouf donieft weder en en Appart fir de Standuert ze bestëmmen, nach e Kapitän mat der néideger Erfarung.
No e puer Stonnen am Waasser huet d'Boot ugefaangen ënnerzegoen. D'Mënschen u Bord hu mat hiren Handyen déi franséisch Séinoutrettung ugeruff. "Mir sinn um Waasser", hu si der franséischer Déngschtstell matgedeelt. "Jo, mee Dir befannt iech op britteschem Gewässer" koum als Äntwert, wéi et an de Protokoller heescht, déi méi spéit verëffentlecht goufen. Eng Ofsprooch mat brittesche Stelle gouf et no Erkenntnesser vun den Ermëttler net.
Zanter 2018, nodeems Iwwerfaarten als blann Passagéier a Camione quasi net méi méiglech waren, si méi wéi 200.000 Mënschen a Schlauchbooter iwwert den Äermelkanal vu Frankräich a Groussbritannien komm. Vill vun hinnen hunn do scho Famill oder Frënn oder hoffen drop, datt si sech do op Englesch an ouni Ausweisflicht besser duerchschloe kënnen.
Frankräich a Groussbritannien schaffen enk zesummen, fir d'Iwwerfaarten ze verhënneren. Zanter dem Ufank vum Joer si ronn 16.500 Migranten iwwert de Séiwee a Groussbritannien komm, wat 40 Prozent manner wéi nach am Joer virdru sinn.