
De Parquet vu Rostock ass géint déi sougenannt Riets-Rock-Zeen virgaangen. Bei enger Razzia goufen e Mëttwoch d'Raim vu véier Beschëllegten a Mecklenburg-Vorpommern, Schleswig-Holstein a Bayern duerchsicht, esou d'Ermëttler. Déi Beschëllegt solle spéitstens zanter 2020 Tounträger mat Musek, déi eng "nationalsozialistesch, antisemittesch, rassistesch a mënscheveruechtend Ideologie" verbreet hunn, hiergestallt a verkaaft hunn.
Och de Spezialkommando vum Landeskriminalamt Mecklenburg-Vorpommern war am Asaz. Bei de Beschëllegten handelt et sech ëm Verdächteger am Alter vun 43 bis 55 Joer. Géint si gëtt wéinst Bedeelegung un enger krimineller Vereenegung ermëttelt. Ee vun hinne gëllt als Kapp vum Grupp. Festname wieren net geplangt, et geet drëm, d'Virwërf ze klären, déi aktuell am Raum stinn.
Am Kader vun der Razzia goufen och Objete vun aacht weidere Beschëllegten a Baden-Württemberg, Brandenburg, Niedersachsen, Nordrhein-Westfalen, Sachsen an Thüringen duerchsicht. Hinne gëtt Volleksverhetzung am Rapport mat der vum Grupp verbreeter Musek virgeworf.
Zousätzlech gouf et Kontrolle bei zéng Persounen aus dem Ëmfeld vun de Beschëllegten, déi selwer net als verdächteg gëllen. Weider Asätz goufen et an Estland, Italien, Polen an Tschechien. Ronn 400 Poliziste waren un de Razzie bedeelegt.