
D'Bedreiwer vum Atomkraaftwierk zu Kättenuewen (Cattenom) EDF-CNPE deele mat, datt de Reakter Nr. 3 an der Nuecht op e Samschdeg de 26. September fir Maintenanceaarbechten ofgeschalt gouf.
Doduerch kéint en Drëttel vun de Brennelementer am Reakter ausgetosch a bal 4.500 Kontroll- a Maintenanceaarbechten an der Anlag gemaach ginn. Dorënner Aarbechten un Armaturen an Inspektioune vu Kameraen. EDF-CNPE no wier et déi lescht geplangt Ofschaltung am Kader vun Maintenancecampagne 2026 vum Kraaftwierk.
D'Unitéiten 1 an 2 si weiderhin a Betrib a produzéiere Stroum, heescht et weider. De Reakter 4 wier och weiderhin am Maintenance-Zoustand.