
D'Koalitioun vum israeelesche Ministerpresident Netanjahu huet een éischte Schrëtt an d'Weeër geleet, fir virgezunne Parlamentswalen. Si hunn e Gesetzprojet fir eng Opléisung vum Parlament deposéiert. Déi 25. Knesset géing also virun hirer Amtszäit opgeléist ginn. Eigentlech wier dat Enn Oktober de Fall gewiescht. Sondage no kéint d'Koalitioun et schwéier hunn, fir erëm gewielt ze ginn. D'Oppositioun huet sech op alle Fall bereet fir d'Neiwale gewisen.