Honnerten Aarbechter an Tunnel agespaartRettungsekippen am Nepal kämpfe géint vill Reen an héich Peegelen

AFP
No der Katastroph e Mëttwoch am Himalaya geet d'Sich no Iwwerliewende weider.
Heftige nächtliche Regenfälle und steigende Wasserpegel haben in Nepal die Versuche der Rettungskräfte behindert, die vermutlich in einem Tunnel eingeschlossenen Bauarbeiter zu befreien.
Wéi virausgesot reent et am Himalaya an d'Peegele klammen.
© AFP

Am Nepal ass de Bilan vun Doudesaffer antëscht op iwwer 730 geklommen. A China geet aktuell Rieds vu 16 Doudegen. Nach ëmmer ginn eng 3.000 Mënsche vermësst. D'Sich- a Rettungsaarbechten am Katastrophegebitt ginn nëmme lues viru wéinst staarkem Reen, Bulli a schwierege Bedéngungen, heescht et vun den Autoritéiten am Nepal. Duerch de Floss Bhotekoshi kéint et iwwerdeems nach zu weideren Iwwerschwemmunge kommen.

Aktuell ginn no 933 Aarbechter gesicht, déi op verschidde Chantiere vum Waasserkraaftwierk agesat gi waren a wuel an engem Tunnel agespaart sinn. D'ganz Nuecht ass d'Sich weidergaangen, och mat héichentwéckelte Sichkameraen a spezielle Moossapparater. D'nepaleesesch Regierung geet dovun aus, dass méi wéi honnert vun hinnen nach liewen. D'Sich konzentréiert sech op d'Standuerter Trishuli 3A an 3B. Beim Trishuli 3A ass et den Asazekippe vum Militär e Samschdeg den Owend gelongen, mat engem Buer den ieweschten Deel vum Tunnel ze duerchbriechen, Loft eran ze pompelen an eng Kamera anzesetzen. Ma well et därmoosse gereent huet, hunn d'Sichaktioune misse gestoppt ginn.

D'Zuel vun den Doudesaffer a Vermësste gouf a gëtt ëmmer nees ugepasst. E Sonndeg huet den nepaleesesche Katastropheschutz vun op d'mannst 734 Doudege geschwat an 2.498 Vermëssten. Zesumme mat den Zuelen aus Tibet läit d'Gesamtzuel domat op 750 Doudegen an 3.044 Vermëssten.

Back to Top
CIM LOGO