Decisioun vum GeriichtLand Rheinland-Pfalz muss Polizist no Amokfaart zu Tréier kee Schuedenersatz bezuelen

AFP, iwwersat vun RTL
Méi wéi fënnef Joer no der Amokfaart vun Tréier mat insgesamt sechs Doudege muss d'Bundesland Rheinland-Pfalz engem Polizist kee Schuedenersatz bezuelen.
Mehr als fünf Jahre nach der Amokfahrt von Trier mit insgesamt sechs Toten muss das Land Rheinland-Pfalz einem Polizeibeamten kein Schmerzensgeld zahlen.
Bei der Amokfaart den 1. Dezember 2020 waren am Zentrum vun Tréier fënnef Mënschen ëmbruecht ginn. Ee weidert Affer ass méi spéit un de Suitte gestuerwen.
© AFP/Archiv

Esou een Usproch misste si just iwwerhuelen, wann de Schued am Kader vun engem Ugrëff entstane wier, deen de Beamten a senger berufflecher Funktioun erlidden hätt, esou d'Urteel vum Tréierer Verwaltungsgeriicht en Dënschdeg.

Bei der Amokfaart den 1. Dezember 2020 waren am Zentrum vun Tréier fënnef Mënschen ëmbruecht ginn. Ee weidert Affer ass méi spéit un de Suitte gestuerwen. Bei engem siwenten Doudesaffer konnt net gekläert ginn, ob d'Amokfaart de letztendlechen Ausléiser fir den Doud war. Eng sëllege Leit goufen ausserdeem deels schwéier blesséiert.

De Chauffer vun der Amokfaart Bernd W. ass antëscht rechtskräfteg zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt ginn. D'Landesgeriicht Tréier huet ausserdeem ordonéiert, datt hien an eng psychiatresch Klinik misst. D'Geriicht huet eng besonnesch schwéier Schold festgestallt.

De Polizist, deen elo virun engem Verwaltungsgeriicht geklot huet, war direkt no der Amokfaart am Asaz. Hie gouf an der Suite psychesch krank, wat och als Aarbechtsaccident unerkannt gouf. D'Landesgeriicht huet de W. dozou verurteelt, 10.000 Euro Schuedenersatz ze bezuelen.

Well d'Zwangsvollstreckung bei him awer näischt ginn ass, huet de Beamten d'"Aufsichts- und Dienstleistungsdirektion" (ADD) kontaktéiert an ugefrot, datt d'Land amplaz d'Käschten iwwerhuele sollt. D'ADD huet d'Demande allerdéngs ofgeleent. De Polizist ass domat viru Geriicht gaangen, ma huet elo verluer.

D'Amokfaart wier keen Ugrëff speziell géint de Polizist, ma géint d'Allgemengheet gewiescht, hunn d'Riichter decidéiert. Déi allgemeng "Fürsorgepflicht" géif d'Land Rheinland-Pfalz zwar dozou verflichten, fir d'Wuel vu senge Beamten ze suergen, ma net, all Käschte komplett ze iwwerhuelen. Well de Beamten eréischt am Zentrum vun der Stad ukomm wier, wou den Auto vun der Dot scho saiséiert gi wier, wier hien och net méi a Gefor gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO