Um Campus vun der Utah Valley UniversityRietsen Aktivist Charlie Kirk erschoss, Trump mécht "radikal Lénk" responsabel

RTL Lëtzebuerg
Bis e Sonndeg den Owend sollen all US-Fändelen op Hallefmast hänken, sou den US-President Donald Trump als eng Reaktioun op den Doud vum Kirk.
Um Campus vun der Utah Valley University
Rietsen Aktivist Charlie Kirk erschoss, Trump mécht “radikal Lénk” responsabel

Den 31 Joer alen Trump-Supporter a rietsen Aktivist Charlie Kirk ass op engem Event an enger Universitéit zu Utah néiergeschoss ginn, wéi hie grad eng Ried gehalen huet. Dat mellen eng Rei US-Medien. E puer Dausend Mënsche waren op dem Event um Campus vun der Utah Valley University an der Stadt Povo, wou bemol e Schoss ze héiere war.

Wéi den US-President Trump a sengem Netzwierk Truth Social matdeelt, ass de Kirk u senge Blessure verscheet. “De Groussen, a souguer Legendären, Charlie Kirk, ass dout”, esou de President.

“Keen huet se méi verstanen oder hat d’Häerz vun der Jugend an de Vereenten Natioune vun Amerika méi beréiert, wéi den Charlie”, esou de President a sengem Post. “All Mënsch hat hie gär an huet hie bewonnert, besonnesch ech, an elo ass hien net méi bei eis. Dem Melania a meng Condoleancen ginn u seng wonnerschéi Fra Erika a Famill. Charlie, mir hunn dech gär!” Hien huet de Kirk dann och als „Märtyrer vun der Wourecht“ bezeechent an déi radikal Lénk fir d’Dot verantwortlech gemaach. Bis e Sonndeg den Owend sollen all US-Fändelen op Hallefmast hänken, sou den Trump weider.

An engem Video op Truth Social huet den Trump weider gesot, et wier e “donkele Moment fir Amerika“. Hien huet déi radikal Lénk fir den Doud vum Kirk verantwortlech gemaach: “Zanter Jore vergläiche radikal Lénker wonnerbar Amerikaner wéi den Charlie mat Nazien a Massemäerder. Dës Rhetorik féiert direkt zu Terrorismus.“ Hien huet annoncéiert, datt d’US-Regierung all déi fënnt, déi zu dësem Attentat bäigedroen hunn, och Organisatiounen, déi dëst finanzéieren oder ënnerstëtzen.

An engem Video, deen an de Soziale Medie kurséiert, ass ze gesinn, wéi de konservativen Aktivist wärend dem schwätze bemol néier geet, nodeems ee Schoss ze héiere war. Kuerz drop brécht Panik ënnert de Leit aus.

Den Charlie Kirk, nëmme Momenter iert op e geschoss gouf.
Den Charlie Kirk, nëmme Momenter iert op e geschoss gouf.
© AMY KING/AFP

Persoun gouf kuerzzäiteg festgeholl, ma ass nees op fräiem Fouss

E Spriecher vun der Uni huet an enger Mail matgedeelt, de Schoss wier wuel aus engem Gebai eng 200 Meter wäit fort komm. Weider huet et vun der Uni an engem éischten Ament geheescht, ee Verdächtege wier festgeholl ginn. Dëst wier awer falsch, wéi eng Police-Source CNN géigeniwwer sot. E Spriecher vun der Uni huet dës Ausso duerno och zeréckgezunn. Den FBI-Direkter Kash Patel huet d’Festnam vun engem Verdächtege gemellt, mee keng zwou Stonnen méi spéit gouf dee Mann no enger Befroung nees fräigelooss. D’Ermëttlunge lafen weider, gouf preziséiert .

Den US-President Trump hat an der Vergaangenheet iwwert den 31 Joer ale Mann gesot, seng Ënnerstëtzung wier am Walkampf onheemlech wichteg gewiescht, fir jonk Wieler op seng Säit ze kréien. De Kirk war de Grënner vun der konservativer Studentenorganisatioun “Turning Point USA” an huet domat eng Schlësselroll am Trump sengem Walkampf gespillt.

De Charlie Kirk war e jonken, stramm-rietsen Aktivist, Podcaster an Matgrënner vun der neokonservativer Organisatioun Turning Point USA. Hien huet als Stëmm fir déi jonk Generatioun am Ëmfeld vum fréiere President Donald Trump gegollt a war virun allem op de soziale Medien an op Youtube e reegelrechte Star vun der Alt-Right-Beweegung. Ënnert anerem huet den Charlie Kirk et souguer rezent an eng South Park Episod gepakt, war virun allem weist, wéi kontrovers dëse Personnage war. Hien hat extrem vill trei Ënnerstëtzer, allerdéngs och vill Leit, déi hie reegelrecht gehaasst hunn.

D’Sécherheetsautoritéiten am Westen vun den USA ginn dovun aus, datt et sech ëm e gezielten Ugrëff gehandelt soll hunn. Den Täter soll vum Daach vun engem Gebai an der Géigend vun der Dot op de Kirk geziilt hunn. Op Videoe vum Event ass ze gesinn, wéi de Kirk bei engem „Prove Me Wrong“-Debat mat Studenten diskutéiert, wéi op eemol e Schoss fält. Hien gräift sech un den Hals, sackt a sech zesummen a fält kuerz drop vum Stull.

Politesch Reaktiounen

De Gouverneur vu Utah, Spencer Cox, huet vun engem “politesch motivéierte Mord“ geschwat an den Dag als “traureg Dag fir d’USA“ bezeechent.

Och Aktivisten aus der MAGA-Bewegung hu Kirk als Märtyrer gefeiert. De Steve Bannon huet gesot: “Mir brauchen elo e Wëllen aus Stol. De Charlie Kirk ass un der Front gestuerwen.“

De Matt Boyle vun Breitbart News huet gesot, d’amerikanesch riets Zeen, besonnesch déi jonk Leit, géifen et net akzeptéieren, datt eng vun hire wichtegste Stëmmen ermort gouf.

Ma och säitens den Demokraten am Land, gouf reagéiert. Den Joe Biden betount, dass fir “esou Gewalt ass keng Plaz” an den USA wier. “Si muss direkt ophalen.“

Och d’Kamala Harris beount, dass “politesch Gewalt keng Plaz an den USA” hätt. De Gavin Newsom sot: “Den Ugrëff op de Kirk ass eekeleg, dreckeg a verwerflech.“

Back to Top
CIM LOGO