AustralienRietspopulistesch "One Nation" läit fir d’éischte Kéier vir

RTL Lëtzebuerg
D'"One Nation Party" vun der Pauline Hanson läit fir d’éischte Kéier an Australien an den Ëmfroe vir op.
© DAVID GRAY/AFP

D'Pauline Hanson kënnt op ronn zwee Prozentpunkte méi wéi déi aktuell Labour-Partei vum Premier Anthony Albanese.

Déi 72 Joer al Pauline Hanson ass zanter méi wéi 30 Joer politesch aktiv a bekannt fir hir staark migratiounsfeindlech Aussoen. Un hirer politescher Linn huet sech wéineg geännert: Manner Awanderung an einfach Léisunge fir gesellschaftlech Problemer.

Als Grënn fir den aktuelle Succès gëllen ënner anerem déi héich Liewenskäschten, d’Wunnengskris an eng méi schwaach politesch Mëtt. Experten no hätt déi konservativ Liberal Party e politescht Vakuum hannerlooss, dat elo vun der One Nation gefëllt gëtt. D’Partei ass virun allem bei eeleren, männlechen a manner gebilte Wieler staark.

Am Mee krut One Nation fir d’éischte Kéier e Sëtz am australesche Representantenhaus. Bis zu den nächste Parlamentswalen an zwee Joer hunn déi etabléiert Parteien awer nach Zäit, fir géint den aktuelle Rietsruck virzegoen.

Back to Top
CIM LOGO