Walen a FrankräichRN gëtt wéi erwaart stäerkste Kraaft, héich Walbedeelegung am éischten Tour

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no den Europawalen hat de franséische President Macron Neiwalen ausgeruff. Fir vill Beobachter eng Schicksalswal fir den Hexagon an d’EU.

Um Sonndeg war den éischten Tour vun de Walen, elo um 20 Auer goufen éischt Héichrechnunge publizéiert.

Héichrechnunge fir den éischten Tour (um 20 Auer)

De Rassembelement National kéim dem Institut Ifop no op 34,2 Prozent vun de Stëmmen, op Plaz 2 kënnt de Nouveau Front populaire mat 29,1 Prozent, d’Lager vum franséische President kënnt op déi drëtt Plaz mat 21,5 Prozent. Les Républicains kréie knapp 10 Prozent.
Et sinn och Projektioune fir d’Sëtzverdeelung gemaach ginn, do kéim den RN op 240 bis 270 Deputéiert, de Nouveau Front populaire op 180 bis 200. Den Emmanuel Macron kéint nëmmen nach 60 bis 90 Deputéiert hannert sech zielen. Les Républicains wiere bei 30 bis 50 Mandater, esou d’Institut Ifop an enger éischter Héichrechnung um 20 Auer. Wien, wéi vill Mandater kritt, gëtt allerdéngs eréischt am zweeten Tour decidéiert an do kéint et nach zu Ännerunge kommen.

Experten hate virausgesot, dass de Rassemblement National ronderëm d’Marine Le Pen stäerkste Partei géif ginn. An Ëmfroe louch den RN deels bei bis zu 37 Prozent.

Héich Walbedeelegung

A Frankräich gëtt et de sougenannte «vote par procuration», esou ka jiddereen, wann en eng Prokuratioun huet, fir eng weider Persoun Stëmmen ofginn. Dëst Joer, och wéinst de virgezunne Walen, hunn dat méi Leit gemaach wéi soss. Schonn do huet ee gesinn, dass d’Walbedeelegung ganz héich géif ginn. Den Taux de participation gëtt op knapp 67 Prozent geschat. Am Joer 2022 hunn am éischten Tour 47,7 Prozent vun de Fransousen hir Stëmm ofginn. Zu Lëtzebuerg konnten 31.000 franséisch Staatsbierger wiele goen.

Zweeten Tour an enger Woch

A Frankräich gëtt an zwee Tier gewielt, an enger Woch entscheet sech dann, wien definitiv an d’Assemblée Nationale gewielt gëtt. Da gesäit een, ob de Rassemblement National eng absolut Majoritéit kann erreechen an et esou zu engem Blocage am Parlament kéint kommen.

Reaktiounen a Frankräich nom éischten Tour

De Rassemblement National wéist sech an enger éischter Reaktioun ganz zefridden. D’Marine Le Pen gouf direkt zeréckgewielt a muss net fir den zweeten Tour untrieden. Si sot den RN bräicht eng absolut Majoritéit am zweeten Tour.

De franséische President huet sech schrëftlech zu Wuert gemellt: “Face au Rassemblement national, l’heure est à un large rassemblement clairement démocrate et républicain pour le second tour.”

De Jean-Luc Mélonchon huet och direkt no den éischten Héichrechnungen annoncéiert, dass iwwerall wou den Nouveau Front Populaire op déi 3. Plaz komm ass, een d’Kandidatin oder de Kandidat zeréckzéien, mam Zil doduerch ze verhënneren, dass de Kandidat vum RN gewielt gëtt.

Le Républicains gesinn den Emmanuel Macron an der Verantwortung, duerch seng Politik hätt de Rassemblement National esou staark ofgeschnidden.

Weider Detailer am Artikel vun rtl infos.

Back to Top
CIM LOGO