FrankräichRN kritt bei Senatswale 9 Sëtzer bäi

Joel Detaille
RTL mat AFP
D'Partei vun der Marine Le Pen, déi laut neier Ëmfro déi meescht Stëmme bei de Presidentielle géing kréien, kann domat fir d’éischte Kéier eng Fraktioun stellen.
De Rassemblement National krut méi Sëtzer am Senat.
De Rassemblement National krut méi Sëtzer am Senat.
© SAMEER AL-DOUMY/AFP

A Frankräich huet de Rassemblement national e Sonndeg bei de Senatswalen 9 Mandater dobäi kritt. Zesumme mat der Partner-Partei UDR kënnt een elo op 14 Leit am Senat, an kann domat fir d’éischte Kéier eng Fraktioun stellen.

D’Majoritéit vun de Sëtz behalen déi riets-konservativ Republikaner an hir Alliéiert. Déi Majoritéit war awer souwisou net a Gefor, well just ronn d’Hallschent vun den 348 Sëtz gëscht nei gewielt goufe vu sougenannte Wahl-Leit, meeschtens Gemengepolitiker, a 60 Departementer.

De Vott war déi lescht gréisser Wal bei de Fransouse virun de Presidentiellen dat nächst Joer am Abrëll.

Ëmfro gesäit Le Pen vir

Donieft huet en aktuelle Sondage vun RTL an M6 erginn, dass d'Marine Le Pen bei de Wale 57 Prozent vun de Stëmme géing kréien an domat den Ecart op d'Kandidaten Edouard Philippe a Luc Mélenchon ausgebaut huet.

Back to Top
CIM LOGO