
De Fournisseur “Pacific Gas&Electric” huet matgedeelt, dass ronn 130.000 Stéit betraff waren. Doduerch konnten och vill Waymo-Autoen, also Autoen, déi ouni Chauffeur duerch d’Géigend fueren, net méi fueren. Dës Autoen hu Stroosse blockéiert, well se ouni Trafic-Luuchten a 5G net méi fuere konnten.
Owes spéit, 10 Stonnen nodeems et keen Stroum méi gouf, waren ëmmer nach zéngdausende Stéit ouni Elektresch. De Buergermeeschter vu San Francisco hat d’Leit opgeruff, am Beschte Fall doheem ze bleiwen. Géint 7.30 Auer Lokalzäit um Sonndeg de Moien, respektiv 16.30 Auer eiser Zäit, haten de gréissten Deel vun de Leit nees Stroum.
Vun den Autoritéiten heescht et, datt d’Police an d’Rettungsdéngschter, wéi och aner Servicer vun der Stad, am Dauerasaz waren, well eben duerch de Stroumausfall vill wichteg Infrastrukturen, wéi eben d’Luuchten, ausgefall waren.