
Et ass eppes, wat bis ewell just ganz eng Kéier geschitt ass: Rumänien huet decidéiert, dat eenzegt Atomkraaftwierk, dat een am Land huet, komplett vum Netz ze huelen. Grond dofir ass déi laang Dréchent an de Fakt, datt d'Donau doduerch aktuell ze wéineg Waasser féiert, fir datt ee d'Waasser kéint d'Notzen, fir déi wichteg Elementer vun der Zentral ofzekillen.
Grouss Deeler vun Europa sti jo aktuell enger grousser Hëtztwell géintiwwer, déi duerch hir Dauer och eng Dréchent matbruecht huet. D'Peegelstänn vu ville Flëss sinn dowéinst och op engem Rekorddéif ukomm.
D'Atomkraaftwierk Cernavoda, wat u sech ee Fënneftel vun der Elektrizitéit a Rumänien produzéiert, gouf elo komplett vum Netz geholl. Dëst gouf et bis elo just eng Kéier an dat war 2003. Och deemools war d'Dréchent de Grond fir dëse Schratt. Nuclearelectrica, d'Bedreiwerfirma vum Wierk, hat schonn ee vun den Zwee 700-Megatonne-Reaktere leschte Mount vum Netz geholl an huet en Donneschdeg matgedeelt, datt een deen zweeten elo och misst ausschalten, well "de Waasserlevel an der Donau esou niddreg ass an nach weider fält."
D'Firma huet der AFP och matgedeelt, datt een net domadder rechent, fir de Reakter an den nächsten 10 Deeg nees eropzefueren.