
Beim Ugrëff e Freideg wier de Büro vum Geheimdéngscht viséiert gewiescht, sou den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj op Telegram. AFP-Reporter hunn e puer Ambulanzen an der Géigend vum Gebai matten am Zentrum vun der ukrainescher Haaptstad gesinn.
Wéi de Buergermeeschter vu Kiew Witali Klitschko confirméiert, dass beim Ugrëff op d'mannst 5 Persoune blesséiert goufen. Op Biller vun der Zeitung "Ukrainska Prawda" gesäit ee schwaarze Damp, deen aus de Fënstere vum Geheimdéngscht-Sëtz kënnt. Den SBU spillt eng wichteg Roll bei der ukrainescher Verdeedegung géint de russeschen Ugrëffskrich, deen antëscht schonn iwwer véier Joer dauert.