
D'Geriicht am nordwestrussesche Pskow huet de Jabloko-Politiker Lew Schlosberg e Méindeg wéinst "Diskreditéierung vun der Arméi" schëlleg geschwat a géint hien eng Fräiheetsstrof vun 11 Joer an engem Mount verhaangen. D'betraffe Partei huet an deem Kontext vun enger "Tragedie vum Zerfall vun der zäitgenëssescher russescher Justiz" geschwat.
Schonn zanter 2014 kritiséiert de fréieren Deputéierte Schlosberg d'Virgoe vu Moskau an der Ukrain. D'lescht Joer war hie wéinst Diffamatioun vun der russescher Arméi festgeholl ginn.
E Méindeg huet sech den Ieweschte Geriichtshaff vum Land zu Moskau och mam Appell vum Jabloko-Chef Nikolaj Rybakow befaasst, dee verbuede krut, säi Stëmmziedel am September ofzeginn. Eng Woch do virdrun hat den Ieweschte Geriichtshaff eng Demande vun enger nationalistescher Gruppéierung, déi dem Kreml nosteet, accordéiert, dass d'Jabloko-Partei sollt vun de Parlamentswalen ausgeschloss ginn.
Jabloko (russesch fir Apel) ass 1993 vun enger Grupp pro-westleche Politiker gegrënnt ginn. D'Parteiféierung hat déi annoncéiert Walen zulescht als "Referendum" géint dat militärescht Virgoen an der Ukrain duergestallt. Zanter 2003 gouf a Russland all Parlamentswal vun der Regierungspartei Gëeente Russland gewonnen, déi de Staatschef Wladimir Putin ënnerstëtzt.