
An der Stad, déi zanter Februar 2022 vu Russland besat ass, ass d'humanitär Lag ëmmer méi dramatesch ginn. Ronn 2.000 Mënsche sollen nach do liewen. Et feelt u Liewensmëttel, Waasser a Stroum. Verschidde Bewunner sollen op Gras a kleng Ratioune Liewensmëttel zeréckgräifen fir z'iwwerliewen.
Der US-Regierung no gouf d'Wafferou duerch d'Melania Trump vermëttelt. Si an hir Vertrieder hätten direkt mat de russeschen an ukrainesche Leaderen iwwer d'Konditioune verhandelt. Et gouf awer schonn zanter Wochen Efforten, fir eng humanitär Wafferou an eng Evakuéierung vun den Zivilisten z'organiséieren. D'Ukrain hat Russland an der Vergaangenheet beschëllegt, fréier Opriff zu enger Wafferou refuséiert ze hunn.
Déi geplangten Operatioun soll ënner anerem d'Stroosse vu Minne fräi maachen, d'Liwwere vu Liewensmëttel an d'Evakuéierung vun den Awunner ëmfaassen.