
Nom Donald Trump sengem annoncéierten Diesel-Deal leschte Freideg, rechent Russland domat, dass d'Kontrakter, déi Liwwerungen erlaben, séier wäerten ënnerschriwwe sinn. "Alles wäert an den nächsten Deeg geschéien", sou de Spezial-Emissär aus dem Kreml fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht Kirill Dmitrijew géintiwwer russeschen Noriichtenagencen.
Moskau a Washington géingen am enken Austausch stoen, fir déi vill logistesch Froe sou séier wéi méiglech ze léisen an esou den Accord op de Wee ze bréngen, sot den Dmitrijew weider. De russesche Vize-Regierungschef Alexander Nowak, dee fir d'Energie zoustänneg ass, huet confirméiert, dass Ministèren an Entreprisen aus béide Länner un de Kontrakter géinge schaffen. D'Liwwerunge géingen op de Weltmarché goen, awer och direkt an d'USA, sou den Nowak.
Leschte Freideg hat den US-President den Diesel-Deal mat Russland annoncéiert. Dëse war vun Europa a vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj staark kritiséiert ginn. Dem Donald Trump no war et déi richteg Decisioun fir dat amerikanescht Vollek. Gläichzäiteg huet seng Regierung den europäesche Länner virgehäit, heuchleresch ze sinn, well si trotz de Sanktiounen zanter 2022 grouss Quantitéite russesch Energië kaaft hätten. Och de Kirill Dmitrijew hat den Europäer dee Virworf gemaach.
Russland wäert an Zukunft erëm 3 bis 3,5 Milliounen Tonnen Diesel liwwere kënnen an domat den Niveau vu virun de westleche Sanktiounen erreechen, sou den Alexander Nowak. Sengen Donnéeën no géint dat 10 Prozent vum Weltmaart entspriechen a kéint d'Präisser erofdrécken. Ausserdeem sinn et zousätzlech Steierrecettë fir déi russesch Staatskeess, déi nei Investitiounsméiglechkeete bidden.