
Bei dësen Attacke soll en 3 Méint ale Puppelchen ëm d‘Liewe komm sinn, heescht et vun de lokalen Autoritéiten. E sëllege weider Leit goufe blesséiert.
D‘Ukrain huet a Russland e gréisseren Industriebetrib attackéiert. Dëse géif wichteg Elektronik-Stécker produzéieren, déi bei der Konstruktioun vu Weltraumrakéiten agesat ginn. Donieft soll d‘Ukrain knapp 600 Dronen op d‘Hallefinsel Krim lancéiert hunn, heescht et vum russeschen Defenseministere.