
D'Suitten vun den terroristeschen Attacken säitens der Ukrain op d'Energie-Infrastruktur missten ofgefiedert ginn, zitéiert déi staatlech Norichten-Agence TAS de russesche President.
Deen hat e Sonndeg schonns op engem Parteidag Problemer, virun allem mam Diesel, duerchblécke gelooss.
Am Raum steet en Export-Verbuet. Op d'mannst mol fir eng Zäit. Schonn zanter e puer Méint gräift d'Ukrain ëmmer méi dacks russesch Energie-Depoten mat Dronen un.