Reduzéierte Wanterprogramm 2026/2027Ryanair sträicht 20 Verbindungen, déi vun der Belsch aus ugeflu goufen

RTL Lëtzebuerg
Soubal an engem europäesche Land d'Taxen op Fluchreesen an d'Luucht ginn, ass Ryanair meeschtens net wäit ewech mat enger Ukënnegung, fir Flich ze sträichen a Fligeren ofzezéien.
Ryanair mécht d'belsch Bundesregierung ënnert dem Premier Bart De Wever fir dës Decisioun responsabel.
© AFP

No Éisträich, Dänemark, Frankräich, Däitschland a Spuenien ass elo d'Belsch un der Rei. Déi iresch Bëllegfluchgesellschaft wëll fir de Wanter 2026/2027 ganzer 20 Verbindungen aus hirem Programm huelen a méi wéi eng Millioun Sëtzplaze sträichen.

Et ass mëttlerweil e bekannte Muster bei Ryanair: Soubal eng Regierung decidéiert, d'Taxen am Loftverkéier ze erhéijen, reagéiert d'Bëllegfluchgesellschaft mat der Menace, hir Offer massiv ze reduzéieren. Dës Kéier steet d'Belsch am Mëttelpunkt.

Informatioune vun der Gesellschaft no solle sechs Fligeren ofgezu ginn, 20 Strecken ewechfalen an insgesamt 1,1 Millioune Sëtzplaze manner ugebuede ginn. Betraff sinn déi zwee Fluchhafe Charleroi a Bréissel-Zaventem, esou an engem Schreiwes vun en Dënschdeg.

Konkret ass et wéinst der Fluchtax, déi vu Januar 2027 u bei siwen Euro pro Passagéier leie soll. Am Verglach mat den zwee Euro am Januar 2025 entsprécht dat enger Hausse vun 250 Prozent.

D'Fluchgesellschaft argumentéiert, datt d'Belsch domat géintiwwer aneren europäesche Länner u Kompetitivitéit verléiert. Manner Flich géifen och manner Passagéier, manner Tourismus a potenziell de Verloscht vun Honnerte lokalen Aarbechtsplaze bedeiten.

Back to Top
CIM LOGO