
De Schouldirekter an eng Enseignante vum Kolléisch Joseph-Lakanal zu Aubagne, bei Marseille, sinn e Méindeg duerch Schëss blesséiert ginn. Informatioune vun der Police no gouf de Schouldirekter mat engem Juegdgewier vum Kaliber 12 getraff. Eng drëtt Persoun gouf liicht gesträift. D'Liewe vun de Blesséierte wier awer net a Gefor.
Als presuméierten Täter gouf e 14 Joer ale Jugendleche festgeholl. Medieberichter no hat hie géint 10 Auer e puermol am Gebai vun der Schoul ronderëm geschoss. Mataarbechter vum Kolléisch konnten de Jonken iwwerwältegen, ier d'Police op der Plaz agegraff huet.
D'Ëmstänn vun der Dot sinn nach net gekläert. D'Autoritéiten hunn awer betount, datt de Virfall näischt mat de Lycéesprotester ze dinn hat, déi a Frankräich an de leschte Wochen organiséiert goufen.
De Parquet vu Marseille huet d'Festnam confirméiert. Fir e Méindegmëtteg ginn den Inneminister Laurent Nuñez an den Educatiounsminister Édouard Geffray op der Plaz vum Tëschefall erwaart.
"Dësen inakzeptabelen Akt weist erëm, wéi staark d'Gewalt an eiser Gesellschaft ëm sech gräift. Géint dës Entwécklung musse mir eis alleguer mobiliséiere", esou den Édouard Geffray. Fir déi Betraffen ass eng psychologesch Ënnerstëtzung ageriicht ginn.