
Am Süde vun de Philippinnen huet e Schüler an engem Lycée en aneren erschoss. Zu Zamboanga City wier et dem Täter gelongen, eng Waff vum Kaliber 45 an d'Gebai ze schmuggelen, sou de Buergermeeschter vun der betraffener Stad.
Viséiert war ugangs ee Proff, deen den Täter awer net getraff hätt. Duerno wier hien an en anere Klassesall gaangen, fir do e Matschüler z'erschéissen. Seng Dot hätt hie live op Facebook iwwerdroen, sou d'AFP. Dora war ze gesinn, wéi eng arméiert Persoun duerch d'Gäng vun der Schoul geet a Schüler virun him fortlafen. Spéider hätt den Täter sech selwer d'Liewe geholl.
D'Autoritéiten hunn d'Situatioun mëttlerweil ënner Kontroll an d'Eltere goufen opgeruff, hir Kanner sichen ze kommen. Réischt virun 3 Méint war et zu Tacloban am Zentrum vum Land zu enger änlecher Schéisserei komm, bei där 3 Schüler gestuerwen an 20 weiderer blesséiert gi waren. Déi Verdächteg waren deemools zwee Teenageren, vun deenen ee reegelméisseg gewalttäteg Videospiller gespillt huet.