Een Doudegen a fënnef BlesséierterSchëss op enger Rave-Party an der Schwäiz

RTL Lëtzebuerg
Wéi et e Sonndeg de Moien heescht, koum et an der Nuecht op enger Rave-Party an der Schwäiz zu enger Schéisserei. Den Ament leeft e Groussasaz.
Symbolbild
© HAROLD CUNNINGHAM/AFP

Um Evenement "Aarau Rave Vol. 7" am Norde vun der Schwäiz si géint 02:30 Schëss gefall. Dat huet déi lokal Police confirméiert a vun enger "Schéisserei bei enger gréisserer Persounegrupp" geschwat. Et géing "Affer" ginn, huet et am Ufank just geheescht, spéider huet d'Police een Doudesaffer gemellt. Fënnef Persoune wieren zum Deel schwéier blesséiert ginn. Ëm wéi vill Täter et sech handelt an ob si gestallt konnte ginn oder op der Flucht sinn, gouf net kommunizéiert.

Den Ament ass onkloer, wat genee geschitt ass. Et leeft aktuell nach e Groussasaz.

Wéi d'Schwäizer Zeitung "Blick" no Zeienaussoe wësse gedoen huet, sollen et véier Täter gewiescht sinn. Dëst ass net offiziell confirméiert. Wéi d'Schëss gefall wieren, hätt d'Zeie sech hannert em DJ-Pult verstoppt.

D'Aarauer Rave ass eng Party op der Päerdsrennbunn am schwäizereschen Aarau mat ronn 3.500 Visiteuren, déi e Samschdeg am Nomëtteg lassgaangen ass.

Back to Top
CIM LOGO