
Sechs vun hinne goufe wéinst "Homicide involontaire" schëlleg gesprach. Een Ugeklote gouf fräigesprach. Dat bis ewell gréisst bekannt Bootsongléck vu Migranten um Äermelkanal wier eng "Katastroph, verursaacht vun eenzelen, déi ënner Mëssuechtung vu Mënscheliewe vu Geldgier gedriwwe waren", heescht et am Urteel. E weidere Prozess géint siwe franséisch Zaldoten, déi am Verdacht vun "Non-assistance à personne en danger" stinn, leeft nach.
D'Urteel wier fir d'Niewepartei eng Erliichterung, well se "déi strofrechtlech Responsabilitéit vun de Schleiser" confirméiere géing, esou den Affekot Matthieu Chirez, deen 112 Clienten am deem Fall vertrëtt. De Prozess hätt ausserdeem dozou bäigedroen, "de Famillje vun den Affer e Gesiicht ze ginn".
Sechs Mandat d'arrête goufen um Enn vum Prozess duerchgefouert, dorënner zwee géint déi béid Haapttäter, een Iraker an een Afghan, déi net viru Geriicht dobäi waren. Zwee Männer, déi Migrante bei sech opgeholl haten, ouni sech dat bezuelen ze loossen, goufen zu sechs Méint op Sursis verurteelt.
D'Ongléck am November 2021 hat wéinst der héijer Afferzuel an dem Verhale vun de franséischen Autoritéiten Opmierksamkeet op sech gezunn. Bei de rezenten Auditioune vun den Zaldoten , déi am Rettungszenter Déngscht haten, hu sech déi Verdächteg widdersprach. Eng Fra hat zouginn, datt een dorop gehofft hat, datt d'Boot a brittesch Gewässer dreiwe géing. Dat huet eng weider Verdächteg awer zréckgewisen.
Zum Prozess hate sech 114 Nieweparteie gemellt, virun allem Famillje vun den Affer, déi ënnert anerem aus Afghanistan, Äthiopien, Somalia a Vietnam kommen. Néng Leit waren aus der iraktescher Stad Erbil ugereest. D'Ongléck iwwerlieft hunn nëmmen ee Somalier an een Iraker.
D'Leit u Bord haten e puer Mol de franséischen Noutruff ugeruff, waren awer ëmmer nees ofgewise ginn. Eng Ofsprooch mat britteschen Autoritéite gouf et net.
Zanter 2018 - nodeem et duerch méi streng Kontrolle bal net méi méiglech war, als blanne Passagéier a Camione matzefueren - goufe schonn iwwer 200.000 Leit a Schlauchbooter iwwer den Äermelkanal vu Frankräich a Groussbritannien transportéiert. Vill vun hinnen hunn do scho Familljememberen oder Frënn an hoffen dorop, datt si sech do op Englesch oder ouni Ausweisflicht besser duerchschloe kënnen.
En Ofkommes tëscht Frankräich a Groussbritannien vun 2025, dat d'Iwwerfaarte verhënnere sollt, wäert dem franséischen Inneministère no deemnächst auslafen. Am Ofkommes war déi legal Opnam vu Migranten aus Frankräich virgesinn, woubäi Frankräich déi selwecht Zuel vu Mirganten zréckhuele sollt, déi iwwer den Äermelkanal komm waren. Offiziellen Informatounen no goufen eng 1.400 Migranten a Frankräich zréckbruecht an eng 1.100 Migrante legal opgeholl. Hëllefsorganisatiounen hate kritiséiert, datt d'Ofkommes internationalem Recht widdersprieche géing.
Zanter Ufank des Jores hu ronn 19.000 Migrante Groussbritannien iwwer d'Mier erreecht - 40 Prozent manner wéi dee selwechten Zäitraum dat Joer virdrun. Op d'mannst 22 Leit si beim Versuch gestuerwen. Fir d'lescht waren e Méindeg dräi Leit bei engem Bootsongléck am Äermelkanal ëm d'Liewe komm, ënnert hinnen och e Kand.