
D'Fluchlotsen hunn ugekënnegt, datt wann ee sech net mam Employeur Skeyes géif eens ginn, ee bis den 10. Oktober all Nuecht vun 22 Auer Owes bis 8 Auer Moies géif streiken. Eleng scho fir e Mëttwoch den Owend a fir en Donneschdeg de Moie sinn schonn op d'mannst 44 Volle gestrach ginn.
Eng vun den Haaptfuerderunge vun de Fluchlotsen ass déi, datt een déi selwecht Supplemente fir Nuetsstonne verlaangt, wéi dat och bei den Aarbechtskolleegen um Fluchhafen zu Léck de Fall ass. Den Employeur Skeyes refuséiert dëst, mam Argument, datt um Fluchhafen Léck an der Nuecht vill méi ze di wier wéi zu Charleroi. Sollt de Streik wéi ugekënnegt, bis den 10. Oktober daueren, wieren op d'mannst 800 Volle betraff.