
Eleng tëscht Mëtt Juli a Mëtt August hätt et an Europa méi wéi 32.000 zousätzlech Doudesfäll ginn, schätzt d'Observatiounsplattform EuroMomo mat virleefegen Zuelen.
Zwar verëffentlecht EuroMomo keng Opschlësselung vun den Doudesfäll no Länner. Ma déi national Gesondheetsagencen a verschiddene Länner hu virleefeg Zuele fir vergläichbar Zäiträim publizéiert, déi graff vun Enn Mee bis August ginn.
Eng Auswäertung vun dësen Zuelen duerch d'Noriichtenagence AFP huet eng 33.000 zousätzlech Doudesfäll erginn, oder Doudesfäll, déi an engem direkten Zesummenhang mat der Hëtzt stoungen - an dat eleng an aacht Länner: Däitschland, Éisträich, der Belsch, England, Frankräich, Holland, Portugal a Spuenien.
Eleng an Däitschland sinn dëse Summer schätzungsweis eng 14.000 Mënschen duerch d'Hëtzt gestuerwen, wéi de Robert-Koch-Institut en Donneschdeg erkläert huet.
Fir Lëtzebuerg sinn nach keng offiziell Zuele public gemaach ginn. An den Donnéeë vun EuroMomo ass zwar an de besonnesch waarme Wochen eng liicht Iwwerstierflechkeet ze gesinn, ma de Santésministère sot RTL an enger Nofro Ufank August, "d'Interpretatioun vun enger observéierter a statistesch erhéichter Iwwerstierflechkeet" bräicht "méi spezifesch a weider statistesch Analysen".
Besonnesch vill Leit sinn EuroMomo no an der leschter Juni-Woch ëmkomm - hei goufe 16.000 zousätzlech Doudesfäll verzeechent. Direkt hannendru kënnt déi éischt Juli-Woch mat ronn 8.000 Doudesfäll. Béid Woche ware vun extreemen Hëtztwelle gepräägt.
D'Schätzunge vun EuroMomo sollen an de leschte Wochen nach verfeinert ginn. Dohier dierft sech och déi komplett Zuel vun den zousätzlechen Doudesfäll nach änneren. Berécksiichtegt ginn nëmmen déi offiziell Statistiken aus den 23 europäesche Länner. Osteuropa ass net komplett vertrueden.