“On en a marre!”Schro Ausernanersetzungen bei Protestdag a Frankräich - 166 Leit festgeholl

Dany Rasqué
Sarah Cames
RTL mat AFP
Ryck Thill
Gilles Hoffmann
Ënnert dem Motto "On en a marre" stinn d’Demonstratiounen e Samschdeg a Frankräich. D'Gewerkschaft CGT geet dovunner aus, datt am Hexagon eng hallef Millioun Leit op der Strooss waren.
Flames ravages Lyon's tourism office after it was set on fire by protesters during a demonstration to protest against the "high cost of living", in Lyon, southeastern France, on October 17, 2026 as part of a nationwide call for mobilisation bringing together various groups expressing their anger: former "Yellow Vests", secondary school and university students, climate activists and even farmers.
Den Tourismusbüro zu Lyon ass e Samschdeg ofgebrannt.
© AFP

D’Leit wëllen hirer Roserei Loft maachen. Schüler, Studenten, fréier Gilets jaunes, Klima-Militanten a Baueren hu sech Rendez-vous ginn, fir fir eng besser Bildung a géint dat deiert Liewen ze protestéieren, wéi si soen.

Et sinn net iwwerall friddlech Protester. Zu Paräis goufen et schonn Ausernanersetzungen ier d’Maniff iwwerhaapt ugefaangen huet. Zu Lille hu Manifestanten d’Gemeng gestiermt an zu Lyon gouf den Tourismusbüro ugezünt. Bis zur Mëttesstonn goufe landeswäit 166 Leit festgeholl.

Ënnert de Manifestanten ass natierlech och de Jean-Luc Mélenchon, mat ville gewielte Vertrieder vu La France insoumise. An engem Message, deen hien op X publizéiert huet, heescht et iwwerall do wou keng Poliziste wieren, wieren d’Leit roueg a gutt gelaunt.

Am spéiden Nomëtteg gouf awer elo den "CRS 8" an de Quartier Châtelet zu Paräis geschéckt. Déi 8. Compagnie Republicaine de securité ass eng Elite-Unitéit vun der Police, déi séier bei Onrouen a schwieregen urbane Situatiounen intervenéiert.

An der Stad Saint-Etienne am Süde vu Frankräich huet iwwerdeems een Demonstrant eng Hand duerch eng Blend- oder eng Tréinegas-Granat verluer, déi vun der Police geheit gi war, wéi d'Noriichtenagence AFP bericht.

Et ass deen zweete vergläichbaren Tëschefall zanter dem Ufank vun de Protester. De 5. Oktober hat ee 15 Joer ale Schüler seng lénks Hand verluer, nodeems eng Blend-Granat viru senger Schoul, an där d'Schüler manifestéiert hunn, explodéiert war.

Back to Top
CIM LOGO