USASchroe Reen iwwerschwemmt Subway Statiounen zu New York

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend gouf New York an déi sougenannten Tri-State-Area ronderëm d'Milliounemetropol vu staarkem Reen iwwerrascht.
© NOAA / CIRA

An der Regioun gouf et nieft Iwwerschwemmungen duerch Staarkreen och op d'mannst zwee Tornadoen. De Reen huet d'Stroossen bannent kierzter Zäit ënnerwaasser gesat an zu New York gouf de Subway-System deels iwwerschwemmt. Eng Rei Linnen hu missen zoumaachen, fir datt d'Ekippen d'Waasser vun de Schinne konnte kréien.

An Handyopname vun Zeien ass ze gesinn, wéi d'Waasser an enger Subway Statioun duerch de Plaffong koum a sech séier op der Plattform gesammelt huet. An engem anere Video ass ze gesinn, wéi d'Waasser scho bal an ee waardenden Subway-Zuch eragedrëpst ass. Plazeweis si ronn 7 Zentimeter Ree gefall, wat d'Kanalisatioun séier iwwerfuerdert huet.

Schroe Reen iwwerschwemmt Stroossen a Subway Statiounen zu New York
De Reen huet d'Stroossen bannent kierzter Zäit ënnerwaasser gesat an zu New York gouf de Subway-System deels iwwerschwemmt.

Back to Top
CIM LOGO