
De waarme Summer an déi ferme Dréchent aus de leschte Méint huet an der EU e Schued vu bis zu 17 Milliarden € an der Landwirtschaft ugeriicht. Dat sot den Agrarkommissär Christophe Hansen e Méindeg op engem Conseil zu Bréissel. Dat geneet Ausmooss kéint een eréischt gesinn, wann d'Recolte komplett ofgeschloss wier.
Net nëmme wier d'Recolte verdréchent, et wier och net genuch Gras fir Fuddermëttel gewuess.
De Lëtzebuerger Kommissär fuerdert méi Investitiounen an d'Späichere vu Waasser, dat dann awer och gezillt misst agesat ginn. En huet sech dann och fir eng Versécherungsflicht ausgeschwat, fir Baueren ze protegéieren. Nëmmen 12 Prozent vun der landwirtschaftlecher Produktioun an der EU wiere géint Schied verséchert.