De franséische Bildungssystem steet ëmmer méi ënner Drock: Zanter Woche protestéiere Schüler, Studenten an Enseignanten a ganz Frankräich...
D'Regierung huet mëttlerweil éischt Mesuren annoncéiert, mee d'Onzefriddenheet bleift grouss. Ugefaangen huet d'Beweegung Mëtt September an der Paräisser Regioun. Mëttlerweil gëtt a ganz Frankräich protestéiert. En Dënschdeg, de 6. Oktober, waren et dem Inneministère no ronn 266.000 Demonstranten, dovunner 56.000 zu Paräis.
Besonnesch vill jonk Leit hu sech un der Mobilisatioun bedeelegt. Fir si geet et ëm hir eege Zukunft.
"Quand il n'y a pas de cantine, il manque des professeurs, on ne peut pas étudier. Ce n'est pas normal, qu'il y ait autant de disparités dans différents établissements publics, donc c'est clairement la responsabilité de l'État", esou ee Lycéesschüler.
D'Kritik geet awer iwwer d'Lycéeën eraus. Och op den Universitéiten ass d'Onzefriddenheet grouss. Dat weist sech ënner anerem op der Sorbonne zu Paräis. Eng Studentin äussert sech esou:
"Ça fait des années que la Sorbonne est bloquée sur ce sujet. Donc manque de service public, des classes de TD qui sont sous amiante, des plafonds qui tombent. Donc nous, on est là vraiment pour ça parce que l'éducation, c'est pas un privilège, c'est le strict minimum."
Eng landeswäit Consultatioun vum Bildungsministère weist iwwerdeems, datt d'Onzefriddenheet vill Facetten huet. Besonnesch déi laang Schouldeeg, den Zoustand vun de Gebaier an de Manktem u Personal gi kritiséiert.
Och bei den Enseignanten ass de Frust iwwer déi aktuell Situatioun grouss:
"Le manque d'enseignants contribue également aux inégalités entre les élèves, car il y a de nombreux professeurs malheureusement qui manquent devant les classes. Pour certains élèves, ce sont des semaines, voire des années entières de scolarité qui sont supprimées."
D'Regierung huet entretemps reagéiert. De Bildungsminister Édouard Geffray huet en Donneschdeg annoncéiert, datt 3.000 Ersazproffen a Lycéeë mat besonnesch grousse Problemer sollen agesat ginn. D'Schülerorganisatiounen hunn d'Mesure als éischten Erfolleg begréisst, wëllen hir Protester awer net ofbriechen.
Donieft suergt den Asaz vun der Police weider fir Diskussiounen. Zanter dem Ufank vun de Protester goufen Dausende Leit festgeholl. Et gëtt och Ermëttlungen no schwéiere Blessuren. Dës Entwécklunge beschäftegten net nëmmen déi Jonk selwer, mee och vill Elteren, sou wéi dës Mamm:
"J'aimerais, qu'une certaine écoute des besoins et des inquiétudes des jeunes soit vraiment entendue. S'il y a un mouvement aussi fort et aussi rapide, c'est qu'il y a vraiment, vraiment quelque chose qui se passe et qu'il faut vraiment l'entendre."
Fir en Dënschdeg ass déi nächst landeswäit Mobilisatioun ugekënnegt. A fir e Samschdeg, de 17. Oktober, gëtt och zu enger méi breeder sozialer Protestbeweegung opgeruff, bei där sech verschidde Gruppen a Gewerkschaftler kéinte bedeelegen. Ob déi verschidde Protester sech tatsächlech zesummendinn, bleift ofzewaarden. Kloer ass awer, datt mat den éischte Konzessiounen de Konflikt a Frankräich nach laang net eriwwer ass.