ReferendumSchwäizer stëmme géint eng méi streng Neutralitéit

AFP, iwwersat vun RTL
Eng Initiativ an der Schwäiz gesäit d'Neutralitéit vum Land a Gefor. An engem Referendum sinn d'Schwäizer anerer Meenung.
Die Menschen in der Schweiz haben mit großer Mehrheit gegen eine strengere Auslegung der politischen Neutralität ihres Landes gestimmt. Bei einer Volksabstimmung votierten laut Prognosen 71 Prozent der Stimmberechtigten für die Beibehaltung der bisherigen Politik.
D'Schwäizer wëllen net, datt déi politesch Neutralitéit vum Land méi streng ausgeluecht gëtt.
© AFP/Archiv

An der Schwäiz hunn d’Leit dogéint gestëmmt, datt déi politesch Neutralitéit vum Land méi streng ausgeluecht gëtt. D’Resultat ass mat 70 Prozent ganz däitlech.

D’Neutralitéit ass an der Schwäizer Verfassung verankert, mä eng Initiativ hat der Regierung virgehäit, dee Grondsaz verwässert ze hunn, wéi se d’EU-Sanktioune géint Russland iwwerholl huet.

D’Initiativ ronderëm de fréiere President vun der rietspopulistescher Schwäizer Vollekspartei Christoph Blocher hat och gefuerdert, datt d’Schwäiz an Zukunft just nach wirtschaftlech Sanktiounen decidéiere kann, wa se vum UN-Sécherheetsrot decidéiert ginn.

Mat Ausnam vun de Rietspopulisten hunn all d’Parteien dogéint gestëmmt.

De Schwäizer Ausseminister sot an enger Debatt op der Tëlee, "Neutralitéit" géif net bedeiten, datt engem alles egal wier. Bei Verstéiss géint d’Vëlkerrecht kéint d’Schwäiz net einfach ewech kucken.

Back to Top
CIM LOGO