
E puer Woche virun de Parlamentswalen an Israel huet de rietsextreeme Sécherheetsminister Itamar Ben Givir en Donneschdeg den Owend seng Pläng virgestallt, fir d’Palästinenser aus der Gazasträif ëmzesidelen. Am éischte Joer sollen deemno 250.000 Awunner d'Enklav verloossen an déi aner zwou Milliounen an de sechs Joer dono.
Et wiere vill Länner bereet, d’Palästinenser bei sech eranzeloossen, sot de Ben Givir. Wéi eng Länner huet hien awer net gesot. D'"Emigratioun vun den Awunner vun der Gazasträif" misst virubruecht ginn, fuerdert de Gvir, si dierft awer net "gezwonge" ginn. D'Zwangsëmsidlung vun Zivilisten a besat Gebidder ass der Genfer Konventioun no nämlech e Krichsverbriechen.
An der Broschür iwwer 20 Säite mam Titel "Nationalen Aarbechtsplang fir déi fräiwëlleg Auswanderung aus der Gazasträif" erkläert de Ben Gvir, datt säi Plang eng Léisung fir den israeelesch-palästinensesche Konflikt bidde géing. De 27. Oktober sinn an Israel Parlamentswalen. Déi rietsgeriicht Koalitioun vum Ministerpresident Benjamin Netanjahu wëll nach emol gewielt ginn. Bei der Bildung vun enger nächster Regierung wéilt de Ben Gvir e "Ministère fir Auswanderung" verlaangen.
Den israeeleschen Defenseminister Katz hat e Mëttwoch änlech Téin benotzt a sot, et wier ee bereet Palästinenser aus Gaza ëmzesidelen, wann d’USA domat d’accord wieren. Aner Ministeren zu Jerusalem gesinn dat och als Méiglechkeet fir d’Westjordanland.