Autoritéite confirméierenSechs Blesséierter bei Explosioun vun Autosbomm a Mexiko

AFP, iwwersat vun RTL
A Mexiko leeft zënter Joren en aggressive Drogekrich tëscht verschiddene Karteller.
© JESSE MIRALES/AFP

Bei enger Explosioun vun enger Autosbomm virun engem Police-Büro solle sechs Ziviliste blesséiert gi sinn. Bei der Detonatioun an der Stad Ojocaliente, déi an der Nuecht op e Méindeg geschitt ass, huet ënnert anerem och d'Gebai vum Policebüro, sou wéi Gebaier déi ronderëm leien, beschiedegt. Dat mellen d'Autoritéiten am zentralmexikanesche Bundesstaat Zacatecas op de soziale Medien. Dëse Bundesstat gëllt jo als Hotspot vum Drogenhandel an der Regioun.

A Mexiko leeft zënter Joren en aggressive Drogekrich tëscht verschiddene Karteller. Zu Zacatecas goufe jorelaang praktesch al Dag Läiche fonnt, respektiv Leit als vermësst gemellt. Nodeems sech d'Situatioun fir d'lescht berouegt hat, goufen am Juli nees Läiche fonnt. Ënnert den Doudegen zu Pozos de Gamboa war de fréiere Buergermeeschter.

Back to Top
CIM LOGO