JordanienSechs Leit bei arméiertem Ugrëff op Kierch ëmbruecht

AFP, iwwersat vun RTL
Arméiert Männer hu bei enger Attack op eng Kierch am Süde vu Jordanien sechs Persounen ëmbruecht an 28 weiderer blesséiert.
Bewaffnete Männer haben an einer griechisch-orthodoxen Kirche im Süden Jordaniens mindestens sechs Menschen getötet und 28 weitere verletzt. Die Täter eröffneten während eines Trauerzugs das Feuer. Die Polizei fahndet nach ihnen.
Dräi arméiert Männer hunn am Süde vun Jordanien en Trauercortège ugegraff an dobäi sechs Persounen erschoss.
© Al Mamlaka TV/AFP

D'Attack wier wärend engem Trauercortège vun der griichesch-orthodoxer Kierch an der Uertschaft Hammdud an der Provënz Karak geschitt, esou déi jordanesch Autoritéiten. Uganks goung vu siwen Doudege rieds, d'Zuel ass spéider awer no ënne korrigéiert ginn.

Den jordanesche Kinnek Abdullah II. huet d'Dot als "Terroruschlag" bezeechent an eng entschlosse Reaktioun vun den Autoritéiten annoncéiert. "Mir wäerte mat enger eise Fauscht géint déi virgoen, déi et woen, eis Natioun ze menacéieren", esou de Kinnek an engem Post um Onlinedéngscht X.

Den Autoritéiten no waren d'Ugräifer aus engem Gefier geklommen an hunn op d'Participantë vum Cortège geschoss. De staatleche Senger Al-Mamlaka huet Opname vun zwee Männer mat Pistoulen an engem drëtte mat engem Gewier gewisen, déi vun der Strooss aus op d'Kierch geschoss hunn. D'Täter sinn duerno geflücht. Eng Sich no hinnen ass direkt duerno lancéiert ginn.

En Aenzeie sot Al-Mamlaka géigeniwwer, d'Ugräifer hätte ronn fënnef Minutte laang onënnerbrach geschoss. Den Ament vun der Attak wieren tëscht 150 an 200 Leit an der Kierch an an der Ëmgéigend gewiescht. Déi meescht Affer waren tëscht 50 a 70 Joer al.

De libaneesesche President Josepeh Aoun, den eenzege chrëschtleche Staatschef an der arabescher Welt, huet d'Schëss als "abscheilechen Terroruschlag" bezeechent. Den Ugrëff géing weisen, datt Terrorismus weder Relioun nach Heemecht kenne géint. Säin Zil wier et, d'Zesummeliewe vun de Reliounscommunautéiten unzegräifen a fir Divisioun ze suergen, esou den Aoun an engem Communiqué.

Am majoritär muslimesch-sunniteschen Jordanien kommen Ugrëff op reliéis Institutioune seele vir. Den Undeel u Chrëschten an der Bevëlkerung läit bei zwee bis dräi Prozent, an der Regioun Karak sinn d'Chrëschten awer an der Majoritéit. 2016 si bei Attacken op e Policebüro a Patrullen zu Karak insgesamt 10 Persounen ëmbruecht ginn, dorënner siwe Sécherheetsleit an eng Touristin.

Back to Top
CIM LOGO