
Sechs Männer, déi e Samschdeg bei den Ausschreidungen um Rand vun enger Demonstratioun zu Metz festgeholl gi waren, hu sech e Méindeg viru Geriicht misse veräntweren.
Am Ganze waren no der Manifestatioun, un där iwwer 5.000 Leit deelgeholl haten, 16 Persounen an de Garde à vue komm. Sechs Männer tëscht 19 an 52 Joer hu sech ënner anerem wéinst Gewalt géint Polizisten, Saachbeschiedegung an hirer Bedeelegung un de gewaltsamen Ausschreidunge e Méindeg viru Geriicht misse rechtfäerdegen.
Ënnert hinne war och e 25 Joer ale Entrepreneur, deen eng Firma mat sechs Mataarbechter zu Lëtzebuerg huet. Hien hat d'Fënster vun engem Kleedergeschäft ageschloen a Kleeder geklaut, déi hie spéider um Internet verkafe wollt. D'Geriicht huet hien zu sechs Méint Prisong op Sursis an enger Geldstrof vun 1.200 Euro verurteelt.
En anere Mann vu 50 Joer hat ënner Alkoholafloss véier Poliziste mam Doud menacéiert. Hie krut aacht Méint Prisong op Sursis, 105 Stonnen Aarbecht am Déngscht vun der Allgemengheet a muss déi véier Polizisten entschiedegen. An den nächsten Deeg sollen nach weider Persoune wéinst den Ausschreidunge viru Geriicht stoen.