KolumbienSechs Membere vun arméierte Gruppe bei Militäroperatioune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Zwee Deeg no senger Vereedegung huet de kolumbianesche President Abelardo de la Espriella déi éischt Militäroperatioune géint arméiert Drogenhändler lancéiert.

Dobäi wiere sechs Membere vun deene Gruppen ëm d'Liewe komm.

Véier Rebelle vun enger Dissidenz-Fraktioun vun de Farc goufen am Departement Meta an der Amazonas-Regioun erschoss. Zwee weider Membere vum Drogekartell "Clan del Golfo" si bei enger Operatioun am Departement Antioquia gestuerwen.

Den extreem rietse President hat bei sengem Amtsuntrëtt versprach, "ouni ze zécken" géint den Drogen-Terrorismus a kriminell Organisatioune virzegoen. Hien hält Dialoger mat de wichtegsten arméierte Gruppen net méi fir méiglech a wëll d'Verhandlunge fir ee Fridden, déi säi lénke Virgänger Gustavo Petro lancéiert hat, stoppen. Hie setzt dobäi och op Ënnerstëtzung vun den USA an Israel.

Back to Top
CIM LOGO