Verdeedegung stäerkenSelenskyj besicht ukrainesch Zaldoten un der Front

AFP, iwwersat vun RTL
Den ukrainesche President war zesumme mam Arméichef Mychailo Drapaty un der Front. Ënnert anerem hu iwwer d'Verstäerkung vun der Verdeedegung geschwat.
Der ukrainische Präsident Selenskyj hat nach eigenen Angaben Truppen an der Front im Osten des Landes besucht. Die ukrainische Armee hatte eigenen Angaben zufolge in der Region zuletzt Gelände von den russischen Truppen zurückgewinnen können.
Den ukrainesche President Selenskyj bei der Visitt vun den Zaldoten un der Front.
© UKRAINIAN PRESIDENTIAL PRESS SERVICE/AFP

Den ukrainesche President Selenskyj huet Zaldoten un der Front am Südoste vum Land besicht. Hie wier zesumme mam Arméichef Mychailo Drapaty un der Front am Secteur Oleksandriwskyj gewiescht, mellt de President e Mëttwoch an de soziale Medien. Op Video-Opnamen ass ze gesinn, wéi déi zwee mat Zaldote schwätzen an dësen Auszeechnungen iwwerreechen. D'ukrainesch Arméi hat eegenen Aussoen no an der Regioun rezent Terrain zréckgewanne kënnen.

Den Deel vun der Front, an deem de Selenskyj elo war, läit bei de Kräizungslinne vun der ëstlecher an der südlecher Front, am Iwwerschneidungsberäich vun de Regiounen Donezk am Osten, Dnipropetrowsk am Zentrum a Saporischschja am Süde vun der Ukrain.

Selenskyj besicht ukrainesch Zaldoten un der Front
Den ukrainesche President war zesumme mam Arméichef Mychailo Drapaty un der Front. Ënnert anerem hu iwwer d'Verstäerkung vun der Verdeedegung geschwat.

D'ukrainesch Arméi, déi sech zanter méi wéi véier Joer géint déi russesch Invasioun verdeedegt, konnt eegenen Informatiounen no dëst Joer virun allem an der Regioun Dnipropetrowsk nees e bëssen Terrain zréckgewannen. Deemno hu si iwwer zwou Dosen Dierfer zréckeruewert. Besonnesch den Asaz vun Drone géing et erlaben, d'Frontlinn stabil ze halen.

De Selenskyj sot, datt hie bei der Visitt seng "Dankbarkeet un déi Kämpfer ausdrécke wéilt, dank deenen d'Ukrain de 35. Joresdag vun hirer Onofhängegkeet" de 24. August 1991 feiere konnt. De President hätt bei sengem Besuch doriwwer geschwat, wéi d'Verdeedegung vun der Ukrain verstäerkt kéint ginn. Zu den Theemen hätten d'Versuergung iwwer Drone gehéiert, d'Artillerie, den direkte Finanzement vun den Truppen an d'Problemer vun Desertatiounen an der Verflichtung vun neie Rekrutten.

Enger Analys vun der AFP no, déi op Donnéeë vum Institute for the Study of War (ISW) berout, war de Verlaf vun der Front am Juli stabil. Russland hält weiderhin e bësse méi wéi 19 Prozent vun der Ukrain besat, dorënner och déi annektéiert Hallefinsel Krim an Deeler vun der Donbass-Regioun.

Déi russesch Virstéiss gouf et virun allem an den éischte Woche vun der Invasioun, dono konnten d'Russe just Terrain gewannen, wann dofir vill Leit gestuerwe sinn.

Back to Top
CIM LOGO