Schlecht Loft duerch BëschbrännSingapur bezilt kranken Awunner Smog-Subsiden

AFP, iwwersat vun RTL
Duerch Bëschbränn an Indonesien ass d'Loft a Singapur aktuell extreem schlecht. Awunner mat Krankheete wéi Asthma kréien elo eng Smog-Primm fir hir medezinesch Behandlung.
Wegen heftigen Smogs durch die Waldbrände im benachbarten Indonesien zahlen die Behörden in Singapur den Bewohnern seit Montag Zuschüsse für die medizinische Behandlung smogbedingter Erkrankungen.
Singapur war op en Neits op Plaz 1 vun de Groussstied weltwäit mat der schlechtster Loft.
© AFP

Wéinst uergem Smog duerch Bëschbränn am Nopeschland Indonesien bezuelen d'Autoritéiten a Singapur den Awunner zanter e Méindeg Primme fir déi medezinesch Behandlung vu Krankheeten, déi duerch Smog ausgeléist ginn, wéi zum Beispill Asthma a Bronchite. Am Nopeschland Malaysia bleiwen aktuell d'Schoulen am südleche Bundesstaat Johor souwéi an Deeler vun der Haaptstad Kuala Lumpur an am zentrale Bundesstaat Selangor zou.

Singapur hat e Méindeg dem Loftqualitéitsservice IQAir no op en Neits de weltwäite Klassement vun der Groussstied mat der am stäerkste belaaschter Loft ugefouert. D'Bränn op den indoneeseschen Insele Borneo a Sumatra, déi zanter Wochen daueren, hunn am urbane Raum fir zéngdausende Fäll vun Otemweeerkrankunge gefouert. Singapur hat d'Subside fir Smog fir d'lescht 2015 aktivéiert, wéi Damp vun indoneesesche Bëschbränn wochelaang iwwer Südostasien louch.

Back to Top
CIM LOGO