Trotz diplomatesche BeméiungenSiwen Doudesaffer an der Ukrain bei russeschen Attacken

AFP, iwwersat vun RTL
An der Regioun Sumy, zu Saporischschja an an der Regioun Donezk goufen Doudeger gemellt.
Och Kiew gouf nees vu russeschen Attacke getraff.
© GENYA SAVILOV/AFP

Trotz neien diplomatesche Beméiung fir en Enn vum Krich, mellt d'Ukrain op en Neits Doudesaffer bei russeschen Attacken.

An der Regioun Sumy am Nordoste vum Land wier den Autoritéiten no an der Nuecht op en Donneschdeg e Mann gestuerwen. Iwwerdeems wier zu Charkiw eng Fra ëm d'Liewe komm, zu Saporischschja wieren dräi an an der Regioun Donezk zwou weider Persoune gestuerwen.

Och d'ukrainesch Haaptstad Kiew gouf op en Neits vu russeschen Attacke getraff. De Buergemeeschter Vitali Klitschko huet op de soziale Medie matgedeelt, dass 15 Persoune blesséiert gi wieren.

Iwwerdeems mellt Russland dann ukrainesch Attacken. Dem Verdeedegungsministère no hätt een an der Nuecht op en Donneschdeg 808 ukrainesch Dronen ofgefaangen, vun deenen der 163 um Wee op Moskau gewiescht wieren.

Back to Top
CIM LOGO