Extreemt Wieder a SpuenienSpuenesch Pompjeeë kämpfe géint Bëschbrand zu Valencia an Iwwerschwemmungen un der Goldküst

RTL mat AFP
Tëscht de Groussstied Valencia a Barcelona hunn déi spuenesch Pompjeeë missen eng ganz Rei Leit a Sécherheet bréngen.
Läschfliger am Asaz
Läschfliger am Asaz
© HANDOUT/AFP

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg gouf et massive Reen am Nordoste vu Spuenien. Do sinn op d'mannst siwe Leit blesséiert ginn. Südwestlech vu Barcelona war eng Mauer an e Koup gefall. Op engem Camping hunn den Autoritéiten no eng 300 Persoune missten a Sécherheet bruecht ginn. D'Pompjeeën hunn och eng Partie Leit missten aus hiren Autoe retten. Duerch d'Iwwerschwemmunge si si net méi aus hire Gefierer eraus komm.

Eréischt virun enger Woch gouf et vill Reen an Iwwerschwemmungen an där Géigend. Do waren zwou Fraen ëm d'Liewe komm.

An der spuenescher Regioun Valencia huet sech dogéint e Bëschbrand weider ausgebreet. Wéinst de Flame bei der Gemeng Gatova hu ronn 1.000 Leit missen evakuéiert ginn. Fir Persounen ouni eegent Gefier goufe Busse bereet gestallt, sou de Katastropheschutzminister vun der autonomer Regioun Valencia, Juan Carlos Valderrama, viru Journalisten.

D'Flamen, déi um spéiden Donneschdegowend duerch e Blëtz ausgeléist gi waren, wiere bis ewell net ënner Kontroll. Bis e Freideg den Owend wieren iwwer 400 Hektar Land verbrannt. Normalerweis hätt Gatova ronn 450 Awunner. Duerch Touriste géing sech duerch d'Zuel an de Summerméint awer verduebelen, sou déi spuenesch Tëleeschaîne RTVE.

Back to Top
CIM LOGO