
Wann a manner wéi 8 Méint en neie franséische President gewielt gëtt, ass eng Stéchwal tëscht dem Lénkspopulist Jean-Luc Mélenchon an der Rietspopulistin Marine Le Pen méiglech. Jee nodeems, wéi eng Kandidate sech opsetze wäerten, kéint de Mélenchon an dräi vu fënnef geteste Fäll de Mëtt-Riets-Kandidat Edouard Philippe iwwerhuelen an an déi zweet Ronn anzéien.
D'Marine Le Pen, Fraktiounscheffin vum Rassemblement National RN, kéim der Ëmfro no, déi e Méindeg vum Institut Harris interactive-Toluna presentéiert ginn ass, mat 36 bis 38 Prozent vun de Stëmmen op déi éischt Plaz. Jee no Géigekandidate géifen deem Sondage no op de Mélenchon, Grënner vun der Partei La France Insoumise, 16 bis 17 Prozent vun de Stëmmen entfalen. Am Abrëll hat hie bei der leschter Ëmfro nach bei 12 Prozent geleeën. D'Institut huet méi Zenarie getest, well d'Lëscht mat de Kandidaten nach net feststeet.
Bei de Mëtt-Rietsen hunn déi fréier Premierministeren Edouard Philippe a Gabriel Attal hir jeeweileg Kandidature confirméiert. Si hu sech awer allebéid verflicht, Ufank vum Joer op eng Kandidatur ze verzichten, wann de jeeweils anere méi erfollegräich ass. Am Lager vun de Lénke sinn am Oktober Virwalen annoncéiert, fir déi dem Sozialdemokrat Raphaël Glucksmann aktuell déi beschte Chancen nogesot ginn.
Den aktuelle President vu Frankräich Emmanuel Macron dierf no zwou Amtszäiten net nach emol untrieden. Gewielt gi wäert d'nächst Joer den 18. Abrëll an den 2. Mee. Fir de Sondage ware knapp 1.800 Mënsche befrot ginn, d'Marge vu Feeler läit tëscht 1,4 an 3,1 Prozentpunkten.