
Den amerikanesche President Donald Trump schéckt de Weekend seng Emissären Steve Witkoff an Jared Kushner fir eng nei Verhandlungsmissioun op Moskau a Kiew. Virun deem Hannergrond huet den ukrainesche President Wolodymyr Selensyj Russland zu enger Waffepaus opgefuerdert. Et géif déi Zäit keng Loftattacken aus der Ukrain ginn, duerfir sollt Russland och eng Wafferou anhalen. An dat soulaang d'Gespréicher amgaang sinn. Vu russescher Säit ass den Termin bis elo nach net confirméiert. En ukrainesche Regierungsvertrieder hat e Freideg awer der AFP confirméiert, datt déi zwee Amerikaner e Sonndeg zu Kiew erwaart ginn.