Grondstéck viru Feier schützenSträit ëm privat Brandschneis op Hallefinsel Cap Ferret

AFP, iwwersat vun RTL
Fir säi Grondstéck virum Flächebrand op der franséischer Hallefinsel ze schützen, huet de Geschäftsmann Benoît Bartherotte eng Schneis an en ëffentleche Bësch schloe gelooss.
De risege Brand un der Atlantikküst huet méi wéi 42.000 Hektar zerstéiert.
© OLIVIER MORIN/AFP

Knapp ee Mount nom uerge Flächebrand op der franséischer Hallefinsel Cap Ferret ass e Sträit ëm eng privat Brandschneis opkomm: D'Anti-Korruptiounsorganisatioun AC hat e Mëttwoch Plainte géint den 79 Joer ale Geschäftsmann Benoît Bartherotte gemaach, well hien eng Schneis iwwer e puer Honnert Meter an en ëffentleche Bësch geschloen hat, fir säi Grondstéck un der Südspëtzt vun der Hallefinsel ze schützen. D'Organisatioun fuerdert Opklärung doriwwer, ënner wéi engen Ëmstänn hien dofir nodréiglech eng Autorisatioun vun den Autoritéite krut.

De Bartherotte hätt sech iwwer all Reeglen ewechgesat an den Autoritéite "säi Wëllen opgezwongen", esou de Jean-Pierre Steiner vun der Organisatioun AC.

De Bartherotte wwar ee vun nëmmen e puer Awunner vun der Hallefinsel, déi d'Evakuatiounsopriff wéinst de Bëschbränn am Juli ignoréiert haten. Hie besëtzt e grousst Grondstéck vu véier Hektar op der Südspëtzt vun der Hallefinsel. Schätzunge vun der Zeitung "Le Monde" no soll d'Grondstéck 25 Milliounen Euro wäert sinn. Zu sengen Nopere gehéiert de Milliardär Xavier Niel, ee vun den aflossräichste franséische Geschäftsleit an Investisseuren.

De Bartherotte huet zouginn, datt hien d'Beem fir d'éischt ouni Autorisatioun ofgeholzt hat. Dat awer well d'Autoritéiten esou lues gewiescht wieren. Dës hunn e bësse méi spéit zwar och eng Brandschneis schloe gelooss, allerdéngs um Ufank vun der Hallefinsel, op där sëllege Prominenter Vakanzenhaiser hunn. "Ech hätt et léiwer gehat, datt hie seng Mëttel fir d'Brandschneis zur Verfügung stellt, déi déi ganz Hallefinsel schützt", sot de Buergermeeschter vu Cap Ferret, de Philippe de Gonneville, dem Sender France 3.

Et ass net déi éischte Kéier, datt de Bartherotte op eegen Initiativ handelt, fir säi Grondstéck ze schützen: Zanter Ufank den 80er Joren huet de Bartherotte e 450 Meter laangen Däich opschëdde gelooss, fir do d'Erosioun vun der Küst ze verhënneren.

D'Flächebränn waren den 22. Juli ausgebrach. Am Ganze goufen iwwer 220.000 Leit a Sécherheets bruecht, ënnert hinne sëllegen Touristen. Am Duerf Le Porge westlech vu Bordeaux sinn 183 vun 250 Haiser ofgebrannt.

De risege Brand un der Atlantikküst huet méi wéi 42.000 Hektar zerstéiert. Dat ass déi gréisst ofgebrannt Fläch a Frankräich zanter 1949. Am Ganze sinn a Frankräich zanter dem Ufank vum Summer iwwer 100.000 Hektar Bësch verbrannt, en historeschen Héchstwäert.

Wësseschaftler ginn dovun aus, datt esou Hëtztwellen duerch de mënschegemaachte Klimawandel un Intensitéit an Heefegkeet zouhuele wäerten.

Back to Top
CIM LOGO