Nordoste vun den USAStuerm suergt fir Stroumausfäll bei ronn 130.000 Leit

RTL mat AFP
Iwwert de Weekend ass e gréissere Stuerm iwwer den Nordoste vun den USA ewechgezunn. Op d'mannst eng Persoun ass gestuerwen, vill Leit waren ouni Stroum.
Kräfteg Stierm am Nordoste vun den USA
Honnerte Vollen annuléiert, een Doudesaffer, Stroumausfäll bei ronn 130.000 Leit

Iwwert de Weekend ass e Stuerm iwwert den Nordoste vun de Vereenegte Staaten ewech gezunn. Vum staarke Wand an heftege Reeschauere waren och Groussstied wéi New York, Boston a Philadelphia betraff. Méi wéi 500 Vollen hunn an der Regioun mussen annuléiert oder verréckelt ginn a ronn 130.000 Stéit waren zäitweis ouni Stroum - verschiddener och nach um Méindeg.

Op d'mannst eng Persoun ass ëm d'Liewe komm, wéi zu New York am Quartier Brooklyn e 56 Joer ale Mann vun engem Bam erschloe ginn ass, deen duerch de staarke Wand ëmgefall ass. De Global Citizen Festival am Central Park ass fir déi éischte Kéier zanter 14 Joer, aus Sécherheetsgrënn, annuléiert ginn. Ënnert anerem d'Alicia Keys, d'Lauryn Hill an de Lenny Kravitz hätten do sollen optrieden. Och dem Ed Sheeran seng Optrëtter zu Boston sinn ofgesot ginn.

Dem "National Weather Service" no wäert de Stuerm an den nächste Stonne lues mee sécher weiderzéien a méi schwaach ginn. Déi sougenannten "nor'easters"-Stierm kënnen dat ganzt Joer iwwer opkommen, mee sinn allgemeng méi heefeg tëscht dem Hierscht an dem Fréijoer, am Wanter och dacks begleet vu staarke Schnéistierm.

Back to Top
CIM LOGO