Op d'mannst véier DoudegerSüdoste vu Spuenien vu schroe Wiedere getraff

RTL Lëtzebuerg
Virun allem d'Provënze Valencia an Alicante goufe besonnesch uerg getraff.
© JOSE JORDAN/AFP

Am Südoste vu Spuenien goufen et deels ganz uerg Wiederen. Op verschiddene Plazen an de Provënze Valencia a Alicante ass duebel sou vill Ree gefall, wéi soss an engem ganze Joer. Op d'mannst 4 Mënsche si gestuerwen.

Op de Balearen, wou jo Ibiza a Mallorca derzou gehéieren, hat sech d'Situatioun no villem Reen de Weekend berouegt. D'Wiedere sinn do manner schro ausgefall wéi gefaart.

D'Autoritéiten haten ënnert anerem de Schoulunterrecht virsiichtshallwer ausgesat.

Back to Top
CIM LOGO